Hotline géint Gewalt

Hotline géint Gewalt

Mir hëllefen zënter iwwer 20 Joeren Mënschen, déi keng Gewalt méi uwende wëllen.

Mir bidde Gewaltberodung och zu PhaEmoPraxis Lëtzebuerg (Rameldingen) an RiichtEraus(Lux-Stad) un.

  • Sidd dir heiansdo voll Ierger oder Jalousie?
  • Hutt dir oft Sträit an ärëm Bestietnis?
  • Sidd dir mat der Erzéiung vun ärem Kand iwwerfuerdert?
  • Sidd dir voller Roserei an Aggressiounen?
  • An heiansdo wëllt dir am léifsten zouschloen, vir datt endlech Rou ass.
  • Dir hutt scho geschloen, mam Fouss gerannt, gestouss oder äre Géigeniwwer fest a schmäerzlech ugepaakt?
  • Dir drot aneren oder maacht aneren Angscht?
  • Dir verfollegt anerer géint hire Wëllen(Stalking)?
  • Dir sicht Hëllef an der Nout, bzw. en Antiaggressionstraining oder e Gewaltberoder?

Wann dir och nëmmen eng Fro mat jo beäntwere kënnt, dann rufft op Täterhotline un!
Mir hëllefen iech, är Gewalt ze stoppen! Eis Gewaltberoder hu scho ville gehollef – geschwënn iech och?

Rufft eis un! Oder schéckt ons eng E-Mail!